
Schadsoftware am Staats-IT: Donnéeën iwwer Beamten-Apparater opgedeckt
Eng Schadsoftware huet sech ronn ee Mount laang am Apparate-Geréiersystem vum CTIE verstoppt. Opgedeckt goufen Nimm, Nummeren a Mailadressen vu Beamten — d'Bierger-Donnéeë bloufen onberéiert.






















