
Hëtztwell-Bilanz: Dausende Doudeger bei den Noperen – an um Findel de wäermste Juni zanter 1947
Déi Hëtztwell, déi Lëtzebuerg de wäermste Juni zanter 1947 bruecht huet, huet a Frankräich, der Belsch an Holland op d'mannst ronn 3.700 zousätzlech Doudesfäll gefuerdert. D'Meteorologe warne schonn virun der nächster extremer Hëtzt vum 6. Juli un.




















