
Europa
Rechter vu Fluchpassagéier
Um Findel bleift et bei dräi Stonnen – mee d'Prozedure gi méi streng
D'EU huet déi nei Reegelen iwwer d'Rechter vu Fluchpassagéier definitiv ugeholl. Déi bewäert Entschiedegung no méi wéi dräi Stonne bleift, dobäi kommen däitlech Friste fir Fluchgesellschaften a Passagéier.