
Gesellschaft
Weiderbildung
Éischte Master fir kënschtlech Intelligenz an der Gesondheet kënnt op Lëtzebuerg
D'CSL bréngt zesumme mat der UTBM an dem CFPC DeWidong en éischte Master fir kënschtlech Intelligenz an der Gesondheet op Lëtzebuerg. Lass geet et am Oktober 2026, 66 ECTS iwwer 12 Méint, fir Beruffsleit aus der Pfleeg an der IT.