
Roth bei Reeves op Downing Street: Lëtzebuerg an d'City wëllen zéng Joer nom Brexit méi enk zesummeschaffen
De Finanzminister Gilles Roth war den 1. an 2. Juli op Finanzmissioun zu London an huet d'Schatzkanzlerin Rachel Reeves um 11 Downing Street getraff. Zéng Joer nom Brexit wëllen déi zwou Finanzplazen hir Zesummenaarbecht verdéiwen – ouni datt en neien Accord ënnerschriwwe gouf.


