
Gesellschaft
Cyberattack op de Staat
Spiounsoftware souz bal ee Mount op de Staatshandyen vum CTIE
D'Regierung confirméiert: e memory-resident Schiedprogramm souz bal ee Mount um System, deen d'Staatshandyen verwalt, an huet engem externen Acteur d'Lëscht vu ronn 4.850 Apparater an d'professionnell Kontaktdate vun den Agente preisgaben. Biergerdate waren net betraff.